Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Dir Saupänz do! Nutscht mir die Lüsse! Ech loosse mir dach hei keen illegalen Konsum undichten! Wu si mir dann! Ech trieden aus!... fir 5 miNUTTEN :bigtongue:
 
Sou elo soen ech och emol moien :D
majo sin de Gilles wunnen an dar Staad genau zu Gasperech furen een Weissen RS seit cirka 4 Méint.
Hun natierlech schon den een oder aneren RS héi rem fuhren gesin wou bestemmt och een héi aus dem Forum dobei war.
Printen mar elo emol dei Lescht hei mat den Nummerschelder eraus an peschen se mol op mein Tableau de bord :mrgreen:

Liste:
1. ynnor82 - Heeschdrëf - waissen RS - RG 1982
2. Claude - Belvaux - grengen RS - RS 0100
3. LuxRS_87 - Beaufort - weissen RS - AB 1987
4. PhilippeJacoby - Fenteng - grengen RS
5. Kiano - Peiteng - bloen RS - WJ 7700
6. Schmunzel - suessem - waissen RS - YH 1983
7. first rs- Rammerech - waissen RS-TR 1205
8. EisbaerJeff- Eechternoach - gréngen RS
9. romback - Dudelange - wäissen RS - SC5832
10. rs2010 - Eischen - bloen RS - RS2208
11. tUGaboi_RS - Eechternoach - gréngen RS - RS1207
12. Jhemp - .... -bloen RS
13. riu - Niederkuer - waissen RS - BR1980
14. Nino76 - Hesper - waissen RS - SN 1176
15. Rs Onkel .....
16. eXist3nce - Gilsdorf - .....
17. Skrazzy - ....
18. Marie-Jeanne - ...Deifferdang- waissen RS -JF7702
19. RS_88 - Bettenduerf - waissen RS - VV0505 (mee am Herz en Belsch )
20. Sepp - Keinzeg - waissen RS - MS1182
21. RS Driver - Gasperich - waissen RS - XX4385

mfg Gilles
 
Sou lo as et offizell.

Hun endlech mein RS :bananadancer2:

An den eischten RS-Fuerer den ech begeint haat (bloen zu Zolwer) huet och gewonk, as jo wei um moto :cooler:

Sou lo gin ech mol op Diekrech op motoexpo waat do sou leeft, muss jo och meng Kilometer lo rofkrein

Haerzlech wellkomm Gilles
 
RS Driver schrieb:
Printen mar elo emol dei Lescht hei mat den Nummerschelder eraus an peschen se mol op mein Tableau de bord :mrgreen:
:lachtot: :thumbs-up_new: Stemmt, well wanns de op der Strooss ennerwee bass, wees de mol net obs de grad engem aus dem Forum begeint bass oder net, mir sinn emmer zu méi :cooler: Dann loos nach Plaatz no ennen op denger Lescht :ja:

EisbaerJeff schrieb:
PS: Huesde keen uerdentlechen Numm? As "TuGaboi" efficktief dei familiennumm oder heecht dat eppes op portugiesesch vu wegen reesch ma mol et Kaffismellich oder sou? Wi wir et mam Virnumm? Ok dee sollt ech eigentlech wessen...si scho frou dass ech dKanner aus menger Klass beim Numm kennen... :ups:
:lachtot: :lachtot: :DX:
Ass daat Vierfreed fier an d'vakanz?? oder roserei wells de eng woch keen RS fueren daerfs? An der Türkei waerds de och mol keen ze gesinn kreien!! :bigtongue:
Maja wanns du der et verhaalen kanns, kanns de mech gaeren uschwaetzen mat Chris, oder Chrëscht, à la luxembourgeoise comme ca la! Hunn keen Problem domat :thumbs-up_new:
An zur erklaerung: tuga kennt jo vun Portugal, sinn als Portugaisch gebuer.. an boi heecht genausouvill wéi:
touro.gif
jo Stéier...ass eng dommheet enner kollegen nach aus der Jugend :mrgreen: :bigtongue:




Iwerhaapt mat luxembourgeoise la, ech hun Wiederprevisioun la, fier naechst Woch la
Net grad deen neiesten mee :thumbs-up_new: richteg gudd la :lachtot:
[youtube]http://www.youtube.com/watch?v=CNYse8od4cs[/youtube]
 
Sepp schrieb:
Sou lo as et offizell.

Hun endlech mein RS :bananadancer2:

An den eischten RS-Fuerer den ech begeint haat (bloen zu Zolwer) huet och gewonk, as jo wei um moto :cooler:

Sou lo gin ech mol op Diekrech op motoexpo waat do sou leeft, muss jo och meng Kilometer lo rofkrein

Haerzlech wellkomm Gilles
Gratulatioun un dech sepp, dann fuer nach ganz vill ronderem an vlait gesait een sech zu dikkrich! :thumbs-up_new:
herzlech welkomm och vun mir gilles! :prost:

Morgan
 
@RS Driver: Herzlech Wellkomm bei eis hei am Forum Gilles :) mir gin emmer zu mei an ech hoffen dass de Bock hues och heinsdo mat eppes ze ennerhuelen. Mir haten eis schon e puer mol getraff an waren och iessen an en klengen drenken. Da kinns de dain hei derbai stellen:

27218_396825427552_564472552_4411868_3162232_n.jpg


Kuck och mol an der Treffen Rubrik, do ass eist Luxtreffen fir den 11.04 annonceiert wou een sech aschreiwen kann.

Dann klick och mol op meng Signature, dat ass dat eischt Forumstreffen mat mei wei 50 RSen ;)


@ SEPP: Herzleche Gleckwonsch zu denger neier Maschin, gleew mer du waers et net bereien ;) Mecht Spass ouni enn sou lang en rullt :lachtot:
 
Hallihallo, do sin ech rëm. :bigtongue:
Ech hu mer beim PCRL d'Felgen anthrazitgro lackéiere gelooss.
Sin ganz zefridde mam PCRL, och mam Präis : 500 EUR fir
lackéieren an 2 Téitsche flécken (1 X Trottoir, 1 X Lach an der Strooss).
Merci un de Claude fir den Tipp vum PCRL. :gott2:
Ech hu mer beim Goedert Sparco-Gurten kaaf fir op de Ring.
Ech brauch lo awer nach Ringschrauben M10, an zwar mat 30 mm Gewinde.
Hornbach, Hela an Batiself hun sou eppes net.
Wees keen, wou ech déi Schrauwe fannen? :nixweiss:
War nach keen vun iech op der Grand-Prix-Streck vum Nürburgring?
Ech fannen, do kann een sech es vill méi ginn wéi op der NOS, wëll
do keng Leitplanke sinn, mais Auslaafzonen, falls een mol e bessi
ze séier an d'Kéier fiert.
Ah jo, hun mer vir d'Hankook Evo S1 drop gemaach, nodeems d'Contis
verheizt waren. Ech hat no enger haarder Nürburgring-Session souguer
déi iewecht couche vun de viischte Pneuen verbrannt (huet ausgesinn
wéi an der Formel 1) an d'Felgen ware voller Gummibröselen. D'Contis
waren während 2 Ronnen Grand-Prix-Streck gudd. Duerno hun se immens
geschmiert :motz: . War nach net mat den Hankook op der Streck. Mol
kucken, wéi déi sech ustellen, wann se richteg waarm ginn. Am Alldag
sinn ech mol immens zefridden dermat. Gudde Grip, gudden Säitenhalt,
och bei naasser Strooss. Am allgemengen méi harmonesch wéi d'Contis,
ménger Meenung no. Sou, méi hun ech net ze soen. :popcorn_essen:

Roman
 
Jungs, ech wärt iech vermessen an der Vakanz... schreiwt net zevill, sos dauert et ze laang alles nozehuelen...

Free mech op den 11, hunn awer och ebesi aaaangscht ;) 8O

Salut un dei "Nei"! Mir si Gudder, also loosst iech roueg blécken um Treffen! Et MUSS keen um Ring fueren deen net wel...

C U then Devilz!
 
Den 11ten feieren ech Gebuertsdaag, do kann ech leider net mee beim nächsten Treffen probeiren ech dobei ze sin an freen mech drop ierch all kennenzeleiren.
Woor daat een hei aus dem Forum deen en Donneschten den Owend geint 21.40 mat engem weissen RS duerch den Hesper Tunnel gefuer ass, an anschleissend d'Hesper Sortie geholl huet?
Falls jo, wei eng Auspuffanlag hues du drop?

mfg,
Jeff
 
RS2010 schrieb:
Den 11ten feieren ech Gebuertsdaag, do kann ech leider net mee beim nächsten Treffen probeiren ech dobei ze sin an freen mech drop ierch all kennenzeleiren.
Woor daat een hei aus dem Forum deen en Donneschten den Owend geint 21.40 mat engem weissen RS duerch den Hesper Tunnel gefuer ass, an anschleissend d'Hesper Sortie geholl huet?
Falls jo, wei eng Auspuffanlag hues du drop?

mfg,
Jeff

Moien Jeff,

ma mengen dass ech daat kéint gewischt sin past emol vun dar Auerzeit sin op dar lenkser Bun durch de Tunnel mat bessi "komeidi" gefuhr :D
An zu dar Auspuffanlag déi as alles original daat dengen mescht einfach een mega Sound :ugly:

mfg Gilles
 
Woar dat enen hei aus´m Forum de am Samsteg morgen um halwer 12 durch Trier gebloss as?
Huet mech iwerhoul :cry: ech hun bis Doneschteg noch en Focus CC :cry:
 
Hey Rom,

ma den Tugaboi an ech waren leschten Mettwoch op der GP Streck e puer Ronnen dreien ;) War flott. Do kann een einfach mei unt Grenzen goen wei op der Nordschleif, mee d Nordschleif bleift main Favourit, kuerz dono kenn Spa ;)

Majo ech soen emmer hei am Forum Bescheet wann ech op den Ring fueren, dat kennen dei aner jo och man, dann geet et ab ;)

Bass du den 11.04 derbai? :)

Ah jo wou hues du deng Hankook hir an wat hues de geblecht, man mer dei och drop. Contien sin mega schrott!!!


Un dei dei et vlait nach net wessen, am Juni fennt dat eischt Forumstreffen statt an dat um Nurburgring, dreckt op meng Signatur an schreiwt iech an, sin schon iwwer 50 RSen dobai ;)
 
Hello Ynnor,
Ech probéieren, den 11. derbäi ze sinn.
Ass eng gutt Idee, fir hei Bescheed ze soen,
wann een wëlles huet, op de Ring ze fueren.
Ass jo lo och an der Woch owes méi laang op.
Meng Hankook hun 200 EUR pro Stéck kascht.
Hun se beim PCRL zu Hamm fonnt. Am Internet
fënns de se schon fir circa 150 EUR, mais wanns
de dann bei en Pneuenhändler hei kënns, freet
deen der e klengt Verméigen fir de montage vu
"frieme" Pneuen :cry: .
 
romback schrieb:
Hello Ynnor,
Ech probéieren, den 11. derbäi ze sinn.
Ass eng gutt Idee, fir hei Bescheed ze soen,
wann een wëlles huet, op de Ring ze fueren.
Ass jo lo och an der Woch owes méi laang op.
Meng Hankook hun 200 EUR pro Stéck kascht.
Hun se beim PCRL zu Hamm fonnt. Am Internet
fënns de se schon fir circa 150 EUR, mais wanns
de dann bei en Pneuenhändler hei kënns, freet
deen der e klengt Verméigen fir de montage vu
"frieme" Pneuen :cry: .


Hmm dat ass awer deier, dat geet secher mei belleg :) Has de och beim Strasser gefrot!? Mengen Goedert huet se net :(
 
Salutti,

Ech wollt mer dei schwarz Led Rückleuchten vun Inpro dropmaan, dei huet jo bestemmt schan een drop vun Ierch (hat mengen ech op enger Foto gesin), wou hutt dier bestallt? Dat bellegst wat ech fond hun as bei T&M Tuning center fir 190€. Huet do schan een bestallt, oder zoufälleg mei belleg fond?

Demols fir mein ST(07) hat ech bei Misch-tuning bestallt fir 199€ mat Porto (wees lo net waat Porto bei TMC as).
 
kuerz froo zum ladedrock huet den RS en overboost well hadd lo e bessen obgepasst main dreck iwert den 3 strech eraus an dono fällt en bis kuerz enert den 3 strech. mee en mecht dat net an all gang as dat bei iech och
 
Salut, also ech hun meng zu Essen op da Motorshow bei InPro selwer bestallt. :bigtongue:
Mengen 190 ass am Moment deen Beschten Prais.

Zum Thema Carbonfolie die 2te. Ech sin offiziell ze domm vir dat hinzekreien.... :wallbash:
Also Claude, ech schecken da Folie gären...well ech kann se netmei gesin.. :motz:
 

Neueste Beiträge

Oben