Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Chris schrieb:
An hei en Virschlag:

Samschtes den 28.05.2011 Spontant Treffen mat Grillen.

Mir treffen eis um 16:00 Auer um Glacis, fueren dann zesummen op Iechternach an grillen do!! Allez ech mengen et waert jo net sou schweier sin dat hinzekreien!!!! Falls et reent weichen mer op irgenseen Restaurant aus!!! Rappt iech Kanner, dat gett secher en flotten Nometten ;)

Wen ass dobai??

- Ronny
- Chris
-
-

Ech net, sin deen weekend zu Frankfurt um Iron Maiden concert.. :cooler: :cooler:

Dann ass et fläicht fir déi nächte Kéier....

Jang
 
Ech denken ech schaffen dat, hu Böcke..! Do ass zwar ientwéi en apéro mëttes mee ech kucken dass dat passt dir Virhauthimmer.
 
Eng Wonnerschein Geschicht :

Ech hun en waissen RS deen 10.500 km huet.
Ech hun en nie kaal gedreckt, ech hun en nie direkt einfach ausgema wann ech mol enkeier bessen mei zügeg gefuer sin, emmer gudd lang geward vier dass en ofkillt asw , ech hun wierckleg gudd ob en obgepasst.
Wei ech en Samsten nom feierowend wolt heem fueren , sin ech dautobunn offahrt erof gefuwer, an wei ech bei +-80 vum 2, an den 3. geschalt hun, bääm. Hun ech main kailrimm fleien gesin, Um boardcommputer as direkt d`Meldung "MOTORSTöRUNG" komm. Den moto war ubliwen mais et as natierlech naischt mei gaangen, ech hun mech riets rugestallt an ob den acl geward. Deen ma den Auto dun bei dei garage gefouert huet bei deem en och kaaf gin as. bei de Luxmotor ob foetz.
Haut de metteg sin ech kucken gaangen an hun nogefrot wei et dann elo geing stoen,
Anscheinend as den distributsiounrym daat awer eng ketten as wann ech daat esou richteg verstaanen hun, an et wieren 2 zylinderen gesprongen an hun sech verbeit wouduerch dan och de kailrim ab as.
Elo soten se ech geif deen iewegten block vum moto ersaat kreien, an vue que dass de moto nach original as an ech nach naischt geänert hun, giff et och ob garantie goen, daat kennen se ma awer ereicht nexte meindeg soen well se do bei ford eng ufroo musse maachen.

Elo hoffen ech natierlech dass ech alles ersat kreien an et iwert garantie leeft,
Soss geif et laut der garage +- mat den arbeschte 9-10.000 ö kaschten


Hud dir esou eppes schon heieren? waat halt dir dervun?
 
Daat as awer schued ech hoffen vir dech dass du alles ersaat kriss.Se missten wells du jo naischt geännert hues.

Ech hunn 20000 km an 1 Joer erof an mei lo virun kuezen mam RS500 Mountine kitt augestatt. Ech hoffen dass en keng mukken waert machen well den Auto mecht mer vill Spaas an ech fueren en och vernenfteg. An wann eppes drunn kimm hoffen ech dass meng Garantieverlängerung op 5 Joer greiwt.

Waat dein Problem unbelaangt hunn ech bis elo just vun defekten Turboen an Unsaugbrecken heieren.
 
Jo also mengen du bass deen eischten hei am Forum, deem den Motor flöten geht! Normalerweis sin dei 5 Zylinder Volvo Motoren zimmlech stabill. Wahrscheinlech irgenteen Fehler vun Wierk aus. Mat der Garantie dierft zwa normalerweis keen Problem sin well sie mussen et ersetzen wanns du naicht drun gemeet hues.

@gretch

Wou hues du dain kit monteieren geloos an wei bass du zefridden domadden?
 
Wat leeft lo genau e samsden?
Grillen ass jo wiederofhängeg! Mee ech gei mol (vlaischt zu zwee) matkommen! Wees awer na net op ech schon op de glacis kommen oder reischt op de sei!! :)
Bis elo sinn also ronny,chris a geoffrey dobei?! Dat sinn der awer net vill!! :(

Phil
 
Musse jo keng 100 leit sin ;) den chris an ech an den jeff kommen jo bestemmt mat unhang, dat get eben gemütliches beisammensein ;) grillen aan chillen ;)

Geif mech freen wanns de och geifs kommen
 
geif jo gär matkommen mee sin vun en Donneschden un an Daitschland bis en Sonndeg .

:cry:

puhh ... ech sin fräckt ..... plenneren , unstreichen , Schief zesummen bauen , Wiss meinen , Gaart an der Reih haalen ......
alles Sachen dei ech firdrun (baal) nie gemach hun :baeh:
an mein RS steet ganz allein zu B. an menger Garage :cry: :cry: schon seit 3 wochen net mei gefuer :cry:

:gutenacht:
 
Hun mer d wiederprevisiounen ugekuckt, soll dreschen bleiwen, mee maximal 18 grad.... mir kennen och einfach relax iessen goen, dono en klengen heppen
 
Haaptsaach et bleiwt zu Iechternach :)

Wubai; 18 Grad ass dach optimal fir ze grillen; 30 Grad Sonn an dann och nach Feier vrun der Schness... :baeh:

Muaha :prost:
 
Oben