Ech sin de Moien bei -8 Grad op Ettelbreck bei de Wengler gefuer, well meng Heizung betickt war, emol ass se gang fir 10 Minuten, dann erem lang nëtt . Do kruut ech eng béis Iwwerraschung. De Kühler futti, an daat mat 28 000 km a knaps 2 Méint keng Garantie méi drop. Dat nervt mech elo total, ech hätt trotzdem gemengt Ford wär méi fiabel, firunallem wann e kuckt wéi lang aner Marken Garantie gin. 2 Joër ass jo näscht. Enner 30 000 Km bezillt Ford zwar d'Hallschent vum Stéck, mee fir déi Souen watt dat mech nach kascht hätt ech mer léiwer eng aner Topeschkeet kaaft. De Freideg wärd ech dat gutt Stéck hoffentlech ze gesinn kréien. Ech hun och dunn diefen mam Zuch heem op Déiferdeng fueren. Hat schon een esou e Problem hei?? A wéi ass ett elo fir de Freideg, gi mer iessen??