Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Ahjo, un dei Letzebuerger dei hei matliesen an net schreiwen:

Den 18.06.2011 ass eist Forumstreffen. Mir schätzen dass ongefeier 120 RSen do waerten sin.

Wann dir wellt, kennt dir spontan dohinner kommen. Et ass op enger grousser Wiss beim Campingplatz Stahlhuette (Anfahrt: ) http://www.campingplatz-stahlhuette.de/camping/german/index1.htm

Dir sidd all haerzlech Wellkomm ab 10 Auer moies. Hei fannt der den Programm an d'Infoen:

http://www.focusrsforum.de/viewtopic.php?f=13&t=4185&start=0



Ech hoffen dass nach e puer Letzebuerger kommen. Ech mengen mir sin dat Land mat denen meeschten RS op d'Bevölkerung. Also zielt et och aeren Kollegen ;)
Mir mussen präsent sinn an ech schwieren iech dir verpasst eppes wann dir net kommt. En plus ass dat just eng Stennchen weg vun Letzebuerg. Zudem kennt der den Nürburgring besichen, den 10 Minuten vun dem Camping eweg ass!!!

Falls der nach zu Owend iessen wellt, dann muss der Suen iwwerweisen an zwar steht dat hei:

http://www.focusrsforum.de/viewtopic.php?f=13&t=4195

D Iessen kascht 30 Euro, doranner ass Buffet an och Softdrinks an BEIER mat am Prais ;)


Allez, geif mech freen iech kennenzeleieren!!! :cooler: Mir Letzebuerger rocken ;) Muss jo een vir Stemmung suergen ;)

Falls der Froen hudd mat mer einfach eng PM (Private Message)

Also ech verlossen mech op iech!!!!

Ronny
 
wellkomm dann och na vun mir Jeff!

jo kommt all mat opt Treffen... gett rem engkeier super... :prost: :cooler:
 
schmunzel schrieb:
brengen einfach mat, as jo just samstes wou treffen as, fueren am speiden nometteg rem heem
Den Bouf huet ereicht 6,5 joer hien ass zwar och auto vereckt, mee esou treffen sin dann och net esou daat.
Eng aner keier bestemmt. ;)
 
schmunzel schrieb:
kuerz fro ween fiert iwerhapt freides an ween samstes, an um weivil auer fueren dei, dei samstes fueren, waert jo net deen eenzegen sin deen samstes fiert


Schwetz mol mam Marie-Jeanne, hatt hat dei nemmlecht Fro gestallt. Ech sin ab den Freiden do ;)
 
WaissenRs schrieb:
schmunzel schrieb:
brengen einfach mat, as jo just samstes wou treffen as, fueren am speiden nometteg rem heem
Den Bouf huet ereicht 6,5 joer hien ass zwar och auto vereckt, mee esou treffen sin dann och net esou daat.
Eng aner keier bestemmt. ;)


Also ech denken dain Bouf wir begeeschtert? Das ass dach keen Sauftreffen sou wei VW Treffen mat all deen Asien. Hei sin oft Leit derbei dei hier Kanner mathuelen ;) Dat ass eng roueg Veranstaltung. Kennt jo e puer Stennercher bleiwen an wann et dengem Bouf bemei gefällt kennt der jo heemfueren ;) Et muss jo keen vun 10 bis 16 Auer do haenken. Wann der kee bock mei hudd kennt der an de Brünnchen vun der Nordschleif fueren an do nokucken wei d Autoen lanscht briederen ;)

Ech freen mech schon falls ech eng Keier en Bouf kreien sollt, deen get direkt vun Ufank un an dat ganzt agewisen ;) :prost:
 
Wellkomm Pit,

Damm maach lues wanns de renns well mat 21 hätt ech keen sou een Auto kritt hehe
 
Salut :) jop ech sin do och dobei :) freen mech schon deck drop :)
Mee treffen ma eis all ze summen an dann furen ma dorober oder treffen ma eis dohannen ?
 
Saluti an wellkomm :winken:

Ech fueren Samsdes mueres geint 7.30 op der Aire de Wasserbillig fort ..
Keint een sech jo do treffen ?
 

Neueste Beiträge

Oben