Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Hun do mol 2 Froen zum Nürburgring :

1) Vill Leit soen, dass bei engem Accident um Ring d'Assurance aspréngt, mat der Begrënnung, dass d'Stvo jo och do gëllt (Ech mengen den Ynnor hat dat och eng Kéier hei am Forum geschriwwen). Wien wees dat genau: hat schon en Accident do oder huet schon bei senger Assurance nogefrot? An gëllt dat och fir d'GP-Streck vum Nürburgring?

2) Ass en Helm obligatoresch um Ring? An op der GP-Streck?
 
ech haat beim Foyer nogefroot an hun bestätegt kritt dass deng normal Assurancen-Konditiounen gellen soulaang et keng COURSE ass .. wann et eng COURSE ass kennt deng Assurance net op ! (beim Foyer)
en Helm ass just zu Spa-Francorchamps Pflicht .
 
Sali alleguer!!
Ech sen den Jeff vum scheedgen an fueren en waissen rs an hun eng fro un iech .
An zwar wei een loftfilterschlauch ( Unsaugschlauch) ass besser :nixweiss:
1)--> Sfs performance silikonschlauch mat drohtverstärkung
oda
2)--> Roose motorsport silikonschlauch ouni drohtverstärkung

Krut neemlech vun MTB zu essen gesoot dat deen mam drot net gudd ass an vun SCC perf. dat deen mam droht grad gudd soll sen !!?

Wier fein aer meenung ze heieren
Allez bis dann
 
_Blanco_ schrieb:

Salut Jeff an wellkomm hei am Forum.

Ech kann da just soen (wei dei meescht hei wahrscheinlech), dass deen vun GGR zimmlech gudd ass an nach keen problemer domat hat. :thumbs-up_new:
 
Salut Jeff an och mengersaits haerzleschst wellkomm hei am Forum!

Also fier mech klengt alles waat verstaerkt ass natierlech besser, mee bon vlait huet een Tuner nach eng aaner Erklaerung dozou. Ech hun zwar och GGR op mengem an vollstens zefridden.
Ech géif lo soen et ass eng Saach vun Praiss, well ob et Roose, SFS, GGR, oder och Samco gett, daat ass schon keen Sch... waat déi bauen, déi sinn all ganz gutt an brauchen sech keen Numm méi ze mann!!

Liste:
1. ynnor82 - Heeschdrëf - waissen RS - RG 1982
2. Claude - Belvaux - grengen RS - RS 0100
3. LuxRS_87 - Beaufort - weissen RS - AB 1987
4. PhilippeJacoby - Fenteng - grengen RS
5. Kiano - Peiteng - bloen RS - WJ 7700
6. Schmunzel - suessem - waissen RS - YH 1983
7. first rs- Rammerech - waissen RS-TR 1205
8. EisbaerJeff- Eechternoach - gréngen RS
9. romback - Dudelange - wäissen RS - SC5832
10. rs2010 - Eischen - bloen RS - RS2208
11. tUGaboi_RS - Eechternoach - gréngen RS - RS1207
12. Jhemp - .... -bloen RS
13. riu - Niederkuer - waissen RS - BR1980
14. Nino76 - Hesper - waissen RS - SN 1176
15. Rs Onkel .....
16. eXist3nce - Gilsdorf - .....
17. Skrazzy - ....
18. Marie-Jeanne - ...Deifferdang- waissen RS -JF7702
19. RS_88 - Bettenduerf - waissen RS - VV0505 (mee am Herz en Belsch :bigtongue: )
20. Sepp - Keinzeg - waissen RS - MS1182
21. Jan - Suessem - grengen RS - JC0325
22. Yves - Manternach - waissen RS - MY1605
23. Ben -Biirden-waissen RS-ZK5865
24. Jeff - Scheedgen -waissen RS -....
 
Liste:
1. ynnor82 - Heeschdrëf - waissen RS - RG 1982
2. Claude - Belvaux - grengen RS - RS 0100
3. LuxRS_87 - Beaufort - weissen RS - AB 1987
4. PhilippeJacoby - Fenteng - grengen RS
5. Kiano - Peiteng - bloen RS - WJ 7700
6. Schmunzel - suessem - waissen RS - YH 1983
7. first rs- Rammerech - waissen RS-TR 1205
8. EisbaerJeff- Eechternoach - gréngen RS
9. romback - Dudelange - wäissen RS - SC5832
10. rs2010 - Eischen - bloen RS - RS2208
11. tUGaboi_RS - Eechternoach - gréngen RS - RS1207
12. Jhemp - .... -bloen RS
13. riu - Niederkuer - waissen RS - BR1980
14. Nino76 - Hesper - waissen RS - SN 1176
15. Rs Onkel .....
16. eXist3nce - Gilsdorf - .....
17. Skrazzy - ....
18. Marie-Jeanne - ...Deifferdang- waissen RS -JF7702
19. RS_88 - Bettenduerf - waissen RS - VV0505 (mee am Herz en Belsch )
20. Sepp - Keinzeg - waissen RS - MS1182
21. Jan - Suessem - grengen RS - JC0325
22. Yves - Manternach - waissen RS - MY1605
23. Ben -Biirden-waissen RS-ZK5865
24. Jeff - Scheedgen -waissen RS - JK1503
 
allerdings gett et heich zeit sech mol rem ze treffen !!! et ass sou roueg gin an läschter zeit hei ...

ech sin awer lo mol dei nächst woch net am ländchen ..
schloo mol een en datum fier :)
 
romback schrieb:
Hun do mol 2 Froen zum Nürburgring :

1) Vill Leit soen, dass bei engem Accident um Ring d'Assurance aspréngt, mat der Begrënnung, dass d'Stvo jo och do gëllt (Ech mengen den Ynnor hat dat och eng Kéier hei am Forum geschriwwen). Wien wees dat genau: hat schon en Accident do oder huet schon bei senger Assurance nogefrot? An gëllt dat och fir d'GP-Streck vum Nürburgring
Ech antworten mal ob daitsch; Bei uns hp so, das die versicherung zahlt bei nem unfall, da die stvo auf der gesamten strecke gilt. Aber, es gibt versicherungen die sich erfolgreich drücken, da es eine geschwindigkeitsbegrenzung gibt, an die sich aber nich wirklich jemand hält. Da sagen die versicherungen, es sei grobfahrlässig, und kommen für schaden nich auf. Wobei, schaden an einem anderen fahrzeug müssen die immer zahlen. Ob das in luxemburg auch so is, kann ich mich sagen. Ich gab das so im internet gefunden, vieleicht siehst du mal selber nach?
 
Claude schrieb:
allerdings gett et heich zeit sech mol rem ze treffen !!! et ass sou roueg gin an läschter zeit hei ...

ech sin awer lo mol dei nächst woch net am ländchen ..
schloo mol een en datum fier :)

jop Treffen ass mol rem enkeier dringend ugesoot. :prost:

@ Morgan
Hat dech gesin duerch Vianden fueren.....huet alles geklappt mat dengem Auto? :thumbs-up_new:
 
Min Moin,

Also ech sin schon e bessen mei lang hei ugemellt, hun awer bis elo just gelies an nach nie eppes geschriwen...

Also als 1. zu menger Persoun: Ech heeschen Jang a wunnen an der Staat (Merl) (bloen RS)

Ech haett e puer Froen iwwert deen *optimalsten* Tuning vum RS.
Wat haalt dir vun: *dkr-tuning*? Dei sin an Daitschland, mee awer och zu Walfer...

http://www.mcchip-dkr.com/chiptuning-datenbank/PKW/Ford/Focus//RS+Stufe+2+/305

ech hat schon e bessen mam claude doriwwer geschwart, wolt awer och nach aer Meenungen heiren... :hilfe:

P.S. Ech hoffen, dass ech lo net deen X-ten sin deen dat freet... (ech hun net alleguer d Saiten hei am forum gelies...
 
Salut Jang,

ma zum Thema DKR ass hei am Forum schon ganz vill diskuteiert gin, leider net emmer positiv. Sie sin zwa bis lo dei eenzeg, dei den RS op 402 PS hun, mais dat well net heeschen, dass dat och absolut dat schnellst ass. An da Autobild Sportscars vum Abrell wa den Test vun 4 Tuningfirmen. An do huet den Wolf mat "nemmen" 360 PS den verglach gewonnen.
Hängt och emmer dovun oof wat sdu wells hun. Leeschtung oder Oofstemmung Auspuff...etc
Ech vir meng Sait warden op den RS500 Kit deen vun Mountune soll kommen, wann do naicht vir Europa kennt, waert ech ma iwerleen vir entweder bei Wolf oder bei MTB ze goen.

Hoffen dat konnt bessen weiderhellefen. :prost:
 
Neueste Beiträge

Oben