Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
Schleuder schrieb:
ynnor82 schrieb:
schmunzel schrieb:
jo jo hoffen dass et der net zevill gin, et laafen schon ob menger aarbescht 4 steck :motz: ,obwuel en limiteiert as, et glaich naischt spezielles mei

Nee dat ass just hei zu Lux soiu, et get keen anert Land wou et souvill RS par rapport zur Populatioun get, mengen souguer GB net!

Dat ass einfach well den Auto ZE belleg hei zu Lux ass an sech all Mario en leeschten kann! et waren der ursprenglech just 100 vir Lux an Belge virgesin, lo sin et der 300 an mei! Dat nervt mech mega, mir hun naicht spezielles mei! Get dach bestemmt scho mei RSen wei Golf 6 Gti hei am Land! Se hun eis hei d ' Exclusiviteit futti gemeet.
Gei an Daitschland, do ass dat ganz aneschters!


Jo, awer net an der Grenz!!!
Weil vil han sich en RS beim Wengler gekaaft, weil en so belleg as lo an Lux!!!

Fanen dat och net schien!!! Wor gester in Lux ob da Autobahn, do woren och 2 stück, en weißen, en grünen (Sorry kann noch net alles in luxemburgisch, mein Lehrer hat ich verlassen :pfeif: )

also mir wier et egal kommen jo aus dem saarland dann daerfen dei aus rheinland pfalz jo och kommen :lol:
 
Also falls mer en festen Datum hun, et tendeiert zun 7 Februar, dann können mer et och öffentlech man am Treffen Forum, Vlait kommen der nach e puer aus dem Grenzgebiet, also ass wei dir wellt. Mir kennen och einfach mol en Letzebuergesch Treffen man, wat mengt dir?
 
Majo, geif folgendes virschloen:

Mir treffen eis sou geint 2 um Glacis, dann keinte mer jo en klengen Tour machen goen (wann een eng Idee huet wouhinner, dann raus dermat!) Als Ofschloss irgentwou an e Café vlait och Keelen spillen oder Bowling? Kinnt an engem Café zu Sandweiler froen!

Geif dann och den den 7. Februar festhalen! Wann mer lo dei deeg en klengen Plang hun wat mer man, dann stellen ech eist treffen an Treffenrubrik, vlait kommen der jo nach e puer! Schleuder, natirlech kanns du och kommen, jiddereen ass Welkomm ;)
 
klengt interessant just mat dem klengen tierchen dreinen goen do giff ech passen giff einfach an den cafee nokommen well euni RS fueren ech e bessen dämlech hannendrun oder et hellt een mech mat :ugly:
 
Phil, wei ass et, kenns de och opt Treffen? :)


Schmunzel hues de dem dann schon eng PM gemeet vir en op desen Thread opmierksam ze man?
 
ynnor82 schrieb:
Phil, wei ass et, kenns de och opt Treffen? :)


Schmunzel hues de dem dann schon eng PM gemeet vir en op desen Thread opmierksam ze man?


Oh majo merci Schmunzel, desen Thread waar mer na guer net opgefall. Haat na keng Zait fier deen ganzen Forum duerchzeliesen!!
Ma stellen mech dann mol fier. Sinn den Chris (Christophe) an sin wei den Schmunzel scho soot aus Eechternoach. Mierken datt na puer Eisebunner hei sinn :mrgreen: Schaffen zu Beetebuerg am Triage als Visiteur! Vlait gesin ech jo deen een oder aaneren mol.
Na dem EisbaerJeff en merci well deen huet mech op desen Forum opmierksam gemach ;) wars bestemmt den Jogger lecht keier um Séi???

An fier den eichten Treffen waert ech mengen ech net dabei sinn, soen nach bescheet. Main RS steet lo souwisou bis d'Wieder besser gett am Garage. Kruut en den 6 Januar, och en Wengler , ass mat 250 km nach am Rodage, an waert en net fueren bis den Salz vun den Strossen fort ass.

Liste:
1. ynnor82 - Heeschdrëf - waissen RS - RG 1982
2. Claude - Belvaux - grengen RS - RS 0100
3. LuxRS_87 - Beaufort - weissen RS - AB 1987
4. PhilippeJacoby - Fenteng - grengen RS
5. Kiano - Peiteng - bloen RS
6. Schmunzel - suessem - waissen RS - YH 1983
7. first rs- ...... - waissen RS
8. EisbaerJeff- Eechternoach - gréngen RS
9. romback - Dudelange - wäissen RS - SC5832
10.rs2010 - Eischen - bloen RS - RS2208
11. Chris - Eechternoach - gréngen RS - RS1207
 
@Chris: jo richteg gedeit! :) Hu ma dat scho bal geduet du gings beim Treffe blo man, well du sos jo e geif an de Wanterschlof.

@all: solle ma dann de 7. Febr lo festhalen? Soss get et rem allerhand hinanhir.
 
Salut Chris, welkomm hei bei eis ;)

Majo mir halen den 7 Februar fest!

Ech well just nach en Feedback wat mer man sollen!

Main Virschlag:
Um Glacis treffen, bessi poteren
En Tuer man, wen een gudden kennt seet mer et
dann an en Café een drenken, vlait Keelen spillen???

Also Jungs bitte bitte Feedback

Veröffentlechen eisen Datum am Treffen Forum, vlait kommen der na e puer mat den waissen Nummernschelder!
 
Fannen dat eng flott Idee.
Sin secher dobai wann ech main Krankeschain net verlängert muss kreien. :cry:
 

Neueste Beiträge

Oben