Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
ynnor82 schrieb:
Salut Sepp, wellkomm hei am Forum :)

Schreiw dech hei an eiser gailer Lescht an ;)

Liste:
1. ynnor82 - Heeschdrëf - waissen RS - RG 1982
2. Claude - Belvaux - grengen RS - RS 0100
3. LuxRS_87 - Beaufort - weissen RS - AB 1987
4. PhilippeJacoby - Fenteng - grengen RS
5. Kiano - Peiteng - bloen RS - WJ 7700
6. Schmunzel - suessem - waissen RS - YH 1983
7. first rs- Rammerech - waissen RS-TR 1205
8. EisbaerJeff- Eechternoach - gréngen RS
9. romback - Dudelange - wäissen RS - SC5832
10. rs2010 - Eischen - bloen RS - RS2208
11. tUGaboi_RS - Eechternoach - gréngen RS - RS1207
12. Jhemp - .... -bloen RS
13. riu - Niederkuer - waissen RS - BR1980
14. Nino76 - Hesper - waissen RS - SN 1176
15. Rs Onkel .....
16. eXist3nce - Gilsdorf - .....
17. Skrazzy - ....
18. Marie-Jeanne - ...Deifferdang- waissen RS -JF7702
19. RS_88 - Bettenduerf - waissen RS - belsch Plaquen :bigtongue:
20. Sepp - ....

An hei ass eist nächst Treffen wat mir Letzebuerger geplangt hun:

http://focusrsforum.de/viewtopic.php?f=13&t=1008

An an der TREFFEN-Rubrik fenns de och nach alles zum Forumstreffen am Juni, do sin schon iwwer 50 RS ;) Schreiw dech schnell an ;)

Ronny dat mat der belscher plaque an dem Männchenm do verhaalen ech mer, et sin keng normal rout waiss, se sin wais blo, gesait amfong top aus, just den B misst fort!loooool
 
jo den bildschirm as voll tipex mee et geet net weg! :nein:
ajo vun wou war dann geplangt fort ze fueren fir op de ring, as dat schon decideiert oder kent dat nach?also den 11ten lo mol!
 
majo dann wellkomm sepp :prost:
wei as et dann lo mat schnitzel owend huet een schon en datum fest geluecht, well ech mengen mer mussen oft iessen goen sou wei dat hei liesen, as alt gudd dass ech e bessen epes fir figuer maan :ugly:
PS mat den parkplatzen as do keen problem :bigtongue:
 
Majo keng Ahnung! Nächsten Donneschten -> Schnitzelbuff?!?!

An RS_88 , mir treffen eis um 09:00 Auer um Parking hannert der ESSO op der Grenz zu Wasserbelleg!
 
apropos Ring, wi ass et dann ärer Meenung no do mat assurancen? Well dos eet jiddereen eppes aaneres; menger Ansicht no ass et eng normal Strooss mat Verkehrsordnung, just eben mat Péage an ouni Geschwindigkeetsbegrenzung. :confused2: :confused2: :confused2:
 
PhilippeJacoby schrieb:
Sepp schrieb:
@Claude

Jo hei am Dierfchen as en leift Mädel dat mat engem grengen fiert.
P.S. Fir gudd ze iessen kann ech der den Rugantino hei zu Keinzeg empfehlen

Direkt inviteieren....do gin ech emmer ganz nervös!! :bananadancer2:
Ech muss mol mei mat mengem Auto duerch d'Geigend fueren!...Sou fannen ech dann vlait eng nei Frendin...

LOOOOOOOOOOOOOL :wallbash:

Phil :selbstmord:
Phil, dann kuck daat et nach eng schwester oder frendin huet ,mat engem RS, dann kanns de mer eng oofginn :DX:
Loossen der och déi éischt Wiel :lol:

RS_88 schrieb:
Ronny dat mat der belscher plaque an dem Männchenm do verhaalen ech mer, et sin keng normal rout waiss, se sin wais blo, gesait amfong top aus, just den B misst fort!loooool
Aah blo belsch Plaque...dann steet en beim Wengler :ja: , woor den moien CG-Software dropmaan, an hun gesinn dats se op dengem geschafft hunn :)

@all, (an lo ginn ech :stock1: :mrgreen: , wollt jo eigentlech original loossen)

Dei di hieren Auto déif geluecht hunn, just Fiederen, wou waart der hinn? Wengler haett gaeren 360€, montage an Stecker inclus, + dann 100€ zu Sandweiler :(. Fiederen kann een schon ab 180€ fannen.

Hunn den mueren beim Wengler geklaert an vu datt Garantie net verfaellt, kennt main warscheinlech lo roof :mrgreen: , sinn mer et un gaangen ze iwerleen wei gesoot. Wou ech elo fier d'laescht niewt engem geparkt haat deen 30mm roof ass, kennt mer main lo wei eng Jeep fier.
An nach niewenbai verfaellt Garantie och net wann een Silikonschlaich aennert. :ja:
 
Aer assurancen kommen op sou lang der keng coursen fuert, dat heescht touristenfahrten bezuelen aer assurancen :mrgreen:
 
Wollt mol nofroen op dann soss na een hei sou laang huet missten op den coc waarden? Auto steet schan seit dem 5. März beim Wengler, soulues fannen ech awer net normal dat een soulang op den blöden ziedel muss waarden. Vendeur soot mer geng awer mei oft fierkommen.
 
@all, (an lo ginn ech :stock1: :mrgreen: , wollt jo eigentlech original loossen)

Dei di hieren Auto déif geluecht hunn, just Fiederen, wou waart der hinn? Wengler haett gaeren 360€, montage an Stecker inclus, + dann 100€ zu Sandweiler :(. Fiederen kann een schon ab 180€ fannen.

Hunn den mueren beim Wengler geklaert an vu datt Garantie net verfaellt, kennt main warscheinlech lo roof :mrgreen: , sinn mer et un gaangen ze iwerleen wei gesoot. Wou ech elo fier d'laescht niewt engem geparkt haat deen 30mm roof ass, kennt mer main lo wei eng Jeep fier.
An nach niewenbai verfaellt Garantie och net wann een Silikonschlaich aennert. :ja:

also ech hun meng och hei am Forum kaaf an bei Autodesign drop machen geloos.... :thumbs-up_new:
 
Sepp schrieb:
Wollt mol nofroen op dann soss na een hei sou laang huet missten op den coc waarden? Auto steet schan seit dem 5. März beim Wengler, soulues fannen ech awer net normal dat een soulang op den blöden ziedel muss waarden. Vendeur soot mer geng awer mei oft fierkommen.

also normalerweis ass den Ziedel innerhalb vun 2 -3 Deeg beim Vendeur !!! Ech geif do mol Zoodi machen :maul:
 
Ech fannen 360. Schon en korrekten prais fir fiederen mat aubauen. Wanns de se vir 180 keefs muss de.se o na abbauen loossen an dat kascht.
 
Merci gesoot! Wei gesoot iwerleen mer et nach mat den Fiederen.

An nach fier den Schnitzel-Owend wier ech dobai, naechsten Donneschden geif fier mech och goen oder soss eng aaner keier.
 
en kolleg vun mier deen lo net hei am forum ungemellt ass huet sein RS bei DKR chippen geloos ..
beim ACL Preifstand hätt en 326 PS gehaat , daat enzegt waat en huet ass den ProAlloy LLK ...
an en soot et wier net sou daat .... mengen den war enttäuscht :|
 

Neueste Beiträge

Oben