Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
ynnor82 schrieb:
Claude schrieb:
an et heiert een se kommen :bigtongue:

Jo den een oder aneren. Dem Schmunzel sain mecht jo anscheinend huer keen Kameidi. Hien waert en RS Tdci kritt hun :lachtot:

haha :fuck: emer ob dei kleng also main bloppt just dei eischt 5 minuten wann en kaal as dono mecht en et net mei, dofir kann ech jo net :cry:
 
Wier den Donneschden och vun der Partie. Mee muss um 22h op Nuetschicht, also sinn ech net den ganzen Owend dobai.
Also halwer 8 um Parking Foire Kierchbierg?
 
Ech sinn demoien frendlech empfang ginn: Ech stung an der Kummer mech unzedoen an hun vu baussen en richteg freschen "Plopp" héiren...bei dFenster gelaf an..natirlech e Focus RS :lachtot: Effektiv GENAU viru menger Fnester, wahrscheinlech grad geschalt, mat kalem Motor, jiddefalls onverkennbar... :freu2:
e waissen, huelen un den CG deen des öftren durch Iechternach fiert awer net an de Forum wellt.
 
Ech muss zwar zouginn dass seitdems CG Software drop ass, den RS manner pätscht. Mee dofir geet en nees e bessen besser!
 
Punkt eent kann ech zwar net bestätegen...

Ech fuere lo vläit aanescht, passe méi op de kaméidi op oder en leeft aanescht no 9.000km, mee ech fannen en huet nach nie sou gepätscht gegrommelt a geploppt wi lo...kann natirlech och um Wieder hänken. Op alle Fall :thumbs-up_new:
 
Also main pätscht emmer am 2 Gang bei genau 3000 Touren wann ech gudde Gas gin an dann eweg lossen, mee hien zitt och nett emmer gud, den Turbo war nach nie iwwert 50%, hien tuddelt och heinzdo, a wann ech luess fueren mengen ech, ech hätt een Uhu am Auto, de mech wahnsinneg mecht. An der Garag soten se, se giffen dat bei der eischter Revision kucken. Nach just eng Fro. Waschanlag, jo oder nee????
 
beim Collé kanns de duerch Waschanlaag fueren , awer nemmen mam Programm 4 !! MEE .. hannen gett en net propper , well dei Bischten net widert Fenster kommen ! also Handwäsch ungesoot :)

dein turbo nach nie iwert 50 % ??????? dann hues de awer en problem , oder den schlauch den sech zesummenzitt ...
 
Waschanlag: NEE; Ford iwwerhelt ken Garantie wann dei Spoiler um Buedem lait...

Turbo bis zur Halschent: e misst bis bei den drette Strich goen.
 
Dach du daerfs an rollende waschstrassen goen, eben wou dain auto duerchgezunn get wei zb. Goedert. Fueren emmer do duerch waschanlaag. Du daerfs net an waschanlagen wou den auto steet. Do besteet den risiko dass den spoiler rofgerappt get wann d rull nees vun hannen no vir geet!
 
Maja, ech wosst just net datt ma su eng Waschanlag hei am Land hätten..de Goedert also zu Bartreng? Wei bassde zefridden mat der Anlag? Weieen Waschgang a wat kascht en?

Greetz
 
ech fannen den rs ze schued fir wäschanlag, also main RS waert nie eng waschanlag gesin en gett just vun mengen zarten fangeren gewäsch :ugly:
Zum Turbo, main huet lo 390km roof an dreck bis 1-2mm firun den 3 strech
 
@ Jeff:
Jo Waschanlag ass ok, ass net ma Bürsten, also net allzevill daer Kratzer.
Mengen ass sou 6-10 Euro je no Progrmm, den 2ten Programm geet menger Meenung no deck duer! Ma zu Bereldange, Hollerich an Bertrange ass sou eng Waschanlag!

Schmunzel, ech sin net den den sain Auto gaeren selwer waescht etc. Mir ass et och egal wann en mol knaschteg ass, mir geet et em d Performance, net em den Show and Shine, mee do sin d Leit eben verschidden dran ;) Ech waeschen en just heinsdo, vir dass den Auto net ze schweier get mat dem villen Dreck :lachtot:
 

Neueste Beiträge

Oben