schmunzel schrieb:
first rs schrieb:
Jo wann en sou eppes liest da kéint en rosen gin. BEI mir war et eppes aanescht de Wengler soot zu mir wann ech é wéilt da soll ech meng décisioun huelen well hien net wéist wéivill et der nach gin. An lo gin et se schon bis 2010 an en plus nach eng limitéiert versioun wat ech ganz schlem fannen. :maul:
dofir wor ech net beim wengler deen verkeeft se wei waarm breiderecher an dofir brauch heen net vill remise um auto ze gin an leist net vill mat sech schwetzen iwert den preis
Daat géif ech lo awer net soen!
Bei mier waar et genau emgedréit. War bei den Wengler, Preis gefroot an Zack direkt vun Remise geschwaat, em di 10%! Ech scho grouss Aan gemach, sinn da awa op Mensbech Luxmotor gaangen, daat mol iwerhaapt een bei mech komm ass, duerno an den Büro Preis handelen. 5 -10min blabla iwert den Auto duerno....
ech: Wéi wier et mat enger Remise
heen: Aah wesst der bei sou engem Auto!! PPffff.... bon hudd der eng Reprise?
ech: Neen
heen: Maaaaah pffff ooo wess der blabla... blabla... oaaa maa 10%
ech: komm dass gudd.. ginn na bei een anneren kuken.. mol kuken
heen: ooo wess der bei deenen aneren geet et net vill besser. D'garage X (neierdings liesen Garagisten jo matt
an well hei keen uschaissen) di huet am ufank guer keng remise gemeet, an mier sinn di eenzeg...blabla...di bescht... an na hei an do....
An do sinn ech opgestann, well ech daat guer net ausstoen kann, wann se mer op dé Tuer kommen, an wann se mer 15% ginn haett!! Deen Paté
An du bei der Dier daat bescht...
Heen: Oooo wesst der, deen beschten Prais kritt der souwisou wann der ennerschreiwen kommt! An ma Aan huet och na geblenzelt
:lachtot: An dunn sinn ech definitiv gaang
Aanerer beschaissen fier eppes ze verkaafen!!