Kevin huet geschriwwen:
Jo dass gudd wanns de der alles sou usammels
Mee den Dany kann individuel astellen an ass net einfach e feste Standard. Eiers de dohin gees kann een sech jo treffen dann kanns de da ukucken bei eisen MTB RS ob se da eppes sou soen an dann sees de dem Danny du weils en einfach wei main oder Ronny oder Claude vun den Asstellungen hier
Hänkt natierlech och rem dofun of waats de alles maan leis
Lo ech :idee:
@ Kevin:
Also ech well lo hei net als Schmarotzer oder sou riwerkommen, sou no dem Motto => Lo schéckst de se mol alleguer bei den Tuner an dann sichst de der herno dat Bäscht eraus...Et ass jo net sou, daß ech iech als "Versuchskanninchen" bei den Danny gescheckt hun, dir wart jo allerguer vun iech aus fräiwelleg dohinner... :ugly: (ausser den Ronny ass gezwongen gin.. :lachtot: )
Alles wat ech hei probéiren, ass fir Informatiounen ze sammelen. Ech hat na nie een Auto deen ech tunen geloos hun an och nach nie een deen souvill Leeschtung wéi den Rs huet. Fun dohier sin ech relativ onerfahren wat sou Saachen ubelangt.
Dovir probéiren ech hei souvill Informatiounen ze sammlen wéi nemmen méiglech. Dat ass jo och e bessen den Zweck vun engem Forum.
Ech probéren eben fir näischt (oder net vill) falsch um Auto ze machen... Dowéinst all meng Froen... wuriwwer fläicht deen een oder aneren erfuerenen Racer den Kapp resselt..
En plus denken ech och nach heinsto driwer no, wat se zu Sanweiler soen wärten... Oder wat ech alles rem ausbauen muß ier ech ob Sanweiler gin... :nixweiss:
Also wat ech fir de Moment alles machen well, ass: (alles am Fréihjoer)
- LLK (Danny)
- Auspuff (ziemlech secher deen vum Danny)
- Airbox + Loftfilter (fläicht Mountune..????)
- Usauchbreck (schon bestallt) Ray
- Forge Ventil (schon bestallt) Ray
- Usauchrouer (Danny)
- aner Loftschläich (???)
- MTB Software
spéider fläicht => Uelechkühler an Bremsen (mol kucken wat de Finanzminister seet... :confusednew: )
(sin oppen an frouh fir all Rotschlo fir nach aaner sennvoll oder néidech Saachen)
Dobäi muß ech son, daß ech dat meescht wat ech iwer den RS wés, hei aus dem Forum vun iech alleguer gewuer gin sin. Do gin ech alleguer den Leit aus dem Forum ee grussen MERCI (net nemmen den Letzebuerger, mee och den däitschen, éisträichechen an Schwäitzer an wat et nach alles sou hei gett.. :ugly: )
Dat Angebot fir sech émol ze treffen ier ech bei MTB fueren, huelen ech ganz gären un. :thumbs-up_new: :thumbs-up_new: