Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
laangen schrieb:
ynnor82 schrieb:
Salut Laangen wellkomm hei :)

Ech soen just eppes, een den op de Verbrauch kuckt soll sech besser keen sou en Auto kafen ;)

An ech sinn den RS gëschter gefuer an wann et och blöd kleng schon nëmmen beim Moto umaachen hunn ech gemierkt dat muss de hunn. Ech hat an mengen Joncken Joeren een Honda CRX V-tec, an hunn een missten verkafen wéinst eben Nowuess. :wallbash:

Also et ass net dass ech elo nëmmen ob den Verbrauch kucken, mäi ech well herno och net mat 20 Liter do stoen.
Firwat froen ech wéinst den Verbrauch, ganz einfach sinn Beroder fir Energie anzespueren, an mengen et ass Paradox wann ech een Virtrag halen ginn an do mat engen Auto ukommen deen 20 Liter seeft bei normaler Fuerweis. Ok dei vun der Greenpeace sinn schlëmmer mai awer denken ech och dodrunner.

@schmunzel

Wat verstees de ënner Kannerkrankheeten ?

MBG

Hmm also wanns de mat engem RS als Energieberoder do ukenns kanns de mengen ech dain Geschäft direkt zouman well d'Leit dech dann nemei eescht huelen kennen, schwetzen schon nemmen vum Ausgesin vum RS, Vernünfteg ass aneschters (zB Golf R)

Nee kaaf der den RS mee och en Fiesta 1,6 tdci vir bei d'Leit ze fueren ;)
 
An zum Verbrauch, ech sin schon Autobunn gefuer enner 10 Liter mat 100 - 160 km/h.

Landstross ouni alles ze gin, mee relativ zügeg 13-15 l

Ring 35 l :mrgreen:
 
also ech hun main RS lo glaich 6 meint an hun knapp 15000km roof, main verbrauch leit bei knapp 10 liter, laut bordcomputer sin et 8,9, mee do kann een emer e gudden halven liter beiberechnen. An der moyenne fueren ech em 500km mat engem tank, den RS huet awer och en aanert gesicht wanns de bessi nougat gees geet et ganz schnell dass de no 280km rem bei der Tankstell stees an dem motto Turbo läuft turbo säuft :ugly:
mat den kannerkrankheeten sin zbsp emgeänert loftfeierung fir den loftfilter usaugbrecken sollen besser gepecht sin diffusor sin besser ugeschrauft usw bessi am forum liesen dann fenns de dat raus
vun wou kenns du vun bieles hun bal 20 joer do gelieft hadd emer urquattroen vlait kenne mer eis jo
 
schmunzel schrieb:

Majo wunnen elo zënter 2002 zu Bieles an der neier Cité eis de an Frankräich kenns, du bleift och den Zuch Belvaux Rédange stoen. Ech hunn virdrun ca 20 Joer zu Uewerkuer beim Café Bellami gewunnt.

Mam RS do kann ech och een neien kréien een Bloen deen als RS500 Replica gepecht ass, mäi éischtens gefält mir blo net an zweetens Folie ass net Top gepecht, an dofir ginn ech net gären 37000 aus.
 
gei mol bei den wengler kucken do stin neier fir knapp 30000
oder du kucks bei luxauto do stin der genug dran
do wous de wunns as an der rue de france uewen lenks ran oder?
 
schmunzel schrieb:
gei mol bei den wengler kucken do stin neier fir knapp 30000
oder du kucks bei luxauto do stin der genug dran
do wous de wunns as an der rue de france uewen lenks ran oder?

Jepp genau do ass et.

Ech kréien muer eng Offer gemaach, fir een 2009 mat 14000 Km am weisen, kucken emol wat een do seet.
 
schmunzel schrieb:
also ech hun main RS lo glaich 6 meint an hun knapp 15000km roof, main verbrauch leit bei knapp 10 liter, laut bordcomputer sin et 8,9, mee do kann een emer e gudden halven liter beiberechnen. An der moyenne fueren ech em 500km mat engem tank, den RS huet awer och en aanert gesicht wanns de bessi nougat gees geet et ganz schnell dass de no 280km rem bei der Tankstell stees an dem motto Turbo läuft turbo säuft :ugly:

8-9 Liter????? Wéi mechst du dat?
Also wann ech normal (ziemlech relax) all Dach op d´Schaff fueren (16km ee Wee) dann brauch mäin opdmannst em déi 12 Liter... (10,5 - 11 Liter laut Bordcomputer) Am Normalfall fueren ech em déi 440 - 460 km mat engem Tank. So mer mol, ech géif em déi 57-58 Liter tanken dann mecht dat: 57:4,6 = 12,4 Liter!!!
500km hut ech nach niiiieee gepackt. Ech kann mer just virstellen, daß ech 500 km géif op der Streck packen. (also 500 km hannererteneen mat 140 oder sou op der Autobunn --- an dann nach....

Ajo: Ugeholl du géifs 55 Liter tanken dann kéimst de theoretesch mat engem Verbrauch vun 11 Liter 500 km..

Oder ass mäin fläit ze fett agestallt???? :nixweiss:
 
SAlut laangen an wellkomm hei am Forum :DX:
Vill Spass nach :lol:

@ RS2009 Weieng Software hues de dann op dengem ?

MfG

Christian
 
also mat da CJ brauch den RS menger Meenung no effektiv manner Rennsin. Virdrun 13,5 an lo 13,2 laut Bordcomputer. Mais packen trotzdem just ganz seelen 400km mat engem Tank, hängt och vill dodrun datt ech op enger Kopp wunnen. :ugly:

@laangen.... November 2009 do waren vill "Boboen" well behuewen! Hat nach praktesch naicht un mengem RS. Mais geif och mol bei den Wengler kucken goen, well differenz vun engem mat 14000km op een neien vum Wengler waert net rieseg grouss sin. :thumbs-up_new:
 
Mucrit schrieb:
SAlut laangen an wellkomm hei am Forum :DX:
Vill Spass nach :lol:

@ RS2009 Weieng Software hues de dann op dengem ?

MfG

Christian

De Moment nach CH
Wann ech des Woch Zäit kréien da ruffen ech mol beim Monni Wengler un fir een rdv. ze kréien...

Jang
 
Gleew mir vis-a-vis vun anner Platzen ass Bieles richtesch bëlleg.

An flott geet et och nach wann de Belval bis ferdeg ass. An mir hunn een Kino do setzt de owes ganz alleng :bananadancer2:
 
an ech sin frouh wann ech do fort sin :lol:
datt ganzt Dengens do gett mier ze grouss .... zevill verkeier ... zevill ****** :mrgreen:
ech muss op d'ländchen :bigtongue:
 
ynnor82 schrieb:
400 km hun ech vlait 2 mol gesin sait dems ech den RS hun :ugly:

Ass jo dat wat ech mengen :ugly:

Dofir verstin ech net wéi een 500 km am eigniermoossen "normalen" Berieb kann erréchen :confusednew:

Wéi gesot, wann ech schaffen fueren an mech ganz normal un d´Vitessen haalen da kommen ech 440 - 460 km. An dat ass wäit iwwer 10 oder 11 Liter!!! (Ech tanken emmer sou em déi 57-58 Liter) soubaal ech bessen méi Gas gin da geet et richteg firun.. :ugly:

Et ass mer zwar am fong baal egal wat en braucht (et wosst een jo schon ier een en kaaf huet, daß den RS eng seffeg Kou wier) Et get mir méi drems op mäin fläicht nach méi seffeg ass wéi deenen Aneren hieren.. Et wonnert mech datt verschidden aaner Léit sou wéineg brauchen.... (och Léit déi bei mir schaffen, erzielen mer Sachen vun 10 Liter oder sou...)

Jang
 
hmmm keng ahnung wei ech et maan :nixweiss: fueren vlait bessen mei vernünfteg domat wei aaner leit :pfeif: oder et as vlait well ech all dag eng greisser streck fueren an quasi bal nemmen eng vitesse haalen. En kolleg vun mir fiert mat 8,3 laut bordcomputer an deen ob der aarbescht 8,5.
 
gréisser Streck mat konstanter Vitess helleft bestemmt vir den Verbrauch erof ze kréien. Dann wärt et dorunner léien virwats du sou wéineg verbrauchs, well ech rennen net vir op d´Arbecht => sou gären gin ech net dohinner :selbstmord:
 
Neueste Beiträge

Oben