Luxemburger RS-Freaks (Mitgliederliste im 1. Post)

Focus RS Forum

Hilfe Unterstützen FOCUS RS:

This site may earn a commission from merchant affiliate links, including eBay, Amazon, and others.

  • Hooters (Gailen Service)

    Stimmen: 6 60,0%
  • Take More XXL (Gehirlos Gefreiss)

    Stimmen: 4 40,0%

  • Umfrageteilnehmer
    10
B'jour. Sin och nach en Luxi den hei hinner found. Wann och nemmen aus techneschen Froen well ech hun ken RS vun Ford mee von Audi (siehe Neuvorstellungen). Den Claude soot ech sollt iech Bescheed soen dat ech eng Performance-box besetzen mat der en d'Fuerleschtungen, VMAX, Leschtung, usw... mossen kann.

Wien also Loscht huet emol sein RS richteg mossen ze lossen wei d'Zeitungen et machen kann sech bei mier mellen. Alles weideres iwert p.m.

Schein Greiss an d'Ländchen.
 
Jop leeft nix hei! Waer gail wann mol na een eps keint organiseieren soulaangt d Wieder na gudd ass!
Eng Frendin vun München treffen sech regelmeisseg mat hieren Focus'en..! An hei?? Kritt een awer guer naicht sou organiseiert... Ass schued un sech...
 
dann organiseier mol eppes :)
allerdings kann ech schon rem dei nächst 3 wochen net mei fueren well ech den auto net aus der garage erauskreien :cry:
 
Claude schrieb:
dann organiseier mol eppes :)
allerdings kann ech schon rem dei nächst 3 wochen net mei fueren well ech den auto net aus der garage erauskreien :cry:

Aah muss ech daat lo maan :mrgreen: ???

Wei du kriss en netmei raus? Zougeparkt :lachtot: ??
 
Ola, sot jongen ech hun eng kleng fro.
Ech fueren den 1. September bei meng Elteren an Südfrankreich an muss 800 km maan vier dohinner. Ech well awer onbedingt mam Rs dohinner fueren.
Lo as meng fro dei,
Dierf ech an engem kanister benzin mathuelen? Vue que dass ech kaum gleewen dass ech 400km mat engem Tank packen, an heinsdo bessen viel km ze fueren sin bis bei dei next tanstell,well ech net riskeieren den auto ob der autobunn ze drecken.
Weiviel Liter dierf ech mathuelen, an wei muss dee kanister sin? hun heieren dei missten aus blech sin, an dierften net aus plastik sin. Wou kreien ech soueppes hier?
 
Salut

Also wann ech mech net ierren dann kanns de 20 L Pro Auto mathuelen ! Dei Kanisteren kriss de warscheinlech an engem Baumarkt geif ech mol soen mee sin ma net secher :D

Flait wees den Ronny jo eppes dozou ze soen :nixweiss: oder ruf mol einfach bei Douanes un dei wessen daat secher :ugly:

MfG
Christian
 
also fier an den süden ze fueren fenns de awer genug Tankstellen :ja: mee bon ass nie schlecht eng reserve derbei ze hun :)
ech war läscht joer doennen (net mam RS)
 
Jop sin 20 Liter an den Kansister ass egal op Plastik oder Blech. Dei Plastik Kanisteren kriss de op all greisser Tankstell.

Op der Autobunn an Frankreich kenns de mei wait wei 400km mat engem Tank.... wanns de dech bessen un Limiten hälls ass jo iwerall nemmen 110-120. :mrgreen:
 
Merci merci, also ech fueren all joer erof , awer meechtens mat engem a6 diesel deen geht 900 km.ouni tanstell ;)
Ech hun eichter un 10 liter geduecht als kleng reserv einfach. Wolt destjoer awer onbedingt den rs huelen vier doennen bessen ze cruisen. Och wann vier dohinn d'frendin an eist klengt laura (4joer) besse leide mussen :D
 
Hey Junge, scho laang naicht méi ennerholl!

Dofier :lecker: :prost: :mrgreen:
Ween wier mat vun der Partie, fier desen Freiden oder Samsden een Flietenowend (ChickenWings, am besseren, fier déi di et net kennen) ze maachen?

Mier kéinten entweder bei mier hei am Eck, Iechternach, op Wintersdorf bei den [link=Klimmes]http://klimmes.de/[/link] goen, deen ass gutt, hunn scho méi wi eng keier do giess, oder op Wellen bei Nittel (net wait vu Maacher) bei den [link=Flietenbär]http://www.flietenbaer.de/3.htm[/link], deen dofier och staark bekannt ass (hunn awer na net selwer do giess)
Den Klimmes huet eng eegen Brennerei, also an deem Fall CoPilot matbrengen deen een duerno heemféiert :ugly:

Just fréi genuch bescheet soen, fier een Desch ze reservéiren, di Restoen sinn menger Erfahrung no schnell voll!
 
flietenbär as net schlecht mee net super,sin fir mech zevil gewürzt, hun do eng besser adress net wait eweg vun wincheringen beim heidi.
freides sin ech mat der aarbescht ob der fouer an samstes hun ech jongesellenabschied
nächsten weekend geet och net sin trauzeien beim kolleg
 
Saluti! Desen Weekend ass och bei mir leider well ausgeplangt!
Nächsten keint evtl. klappen! Sin egal wou dobai! :D
 
Majo dann een leschten Ulaaf vlait virun menger Vakanz, duerno just na am Oktober wann et passt!

Mier kéinten entweder vun mier aus muer, Freideg oder Samsdeg dann rem eng keier probéiren fier bei den Flietenbär oder bei den Klimmes op Wintersdorf, ween haett eventuell Interesse?


An nach: Hun meng Ringkaart erem am Verkaaf, wei gesoot 12 Ronnen Nordschlaif + den Rescht nach (inkl. 20,00 € Verzehrgutschein für das Eifeldorf Grüne Hölle*, 1 ring°werk-Ticket), wei gesoot fier 200€! Ween se well kann mer eng PM schreiwen!
 

Neueste Beiträge

Oben